Konschthaus-Revival - Sonndeg den 23. Oktober 2016 !

enter image description here

D'Konschthaus a Frantzen gett groussjähreg a mir wellen daat mat Iech zesummen feieren.

Weini : de Sonndeg 23. Oktober 2016 vun 11.30 bis 19.00

21 Joër laang gouf bis haut am Konschthaus a Frantzen vill geschafft an an eise Coursen goufen vill schéi gemeinsam Stonnen zesummen verbruecht. Elo ass et un der Zäit, Iech neess erëmzegesin.

Wëllt Dir derbei sinn?

Oflaaf vum Daag:

10.45 : Feierlech Mass an der Heischter Kiirch mat de Choralen Sainte Cécile a Gënzebléien.

Weider am Programm geht et ab 11.30 an der Sportshaal bei der Schoul (Kulturzentrum, Neie Wee) mat enger flotter Ausstellung vun den Dozenten déi an 21 Joër vill Freed a Kreativitéit am Haus verbreet hun. Em 15.00 Auer ass Concert vun der Biisser Musik. Duerno gëtt eise Gebuertsdaagskuch ugeschnidden. An em 17.00 Auer gëtt dann nach en exotesche Concert ugebueden.

Mir wäre frou Iech derbei ze hun.

Lehm-Atelier zu Bissen

Mëttwoch 03.10.2016 an 10.10.2016 an/oder Mëttwoch 17.10.2016 an 24.10.2016 an/oder Mëttwoch 07.11.2016 an 14.11.2016 jeweils vun 19.00 bis 22.00

Dozentin : Maggy Kremer-Clement

Preis 40 Eur (net Member) / 35 Eur (Member)

D'Summerpaus ass eriwwer. Du hues Spass, mam Naturmaterial Lehm ze schaffen ? Da bass Du genau richteg hei fir Deng Idee a geselleger Ronn auszeschaffen. Vill Spass beim Emsetzen elo schons !

Desen Atelier gëtt oofgehaalen beim Maggy doheem, an daat zu Bissen (58, rue des Jardins)

Aschreiwung ob : afrantzen@pt.lu

enter image description here

Wollkreatiounen

Samschdeg 12.11.2016 an/oder Sonndeg 13.11.2016 - jeweils vun 10.00 bis 17.00 Dozentin : Karin Wolff Preis : 44 Eur (net Member) / 40 Eur (Member)

Mir strecken Samschdes e flotte Schal a Sonndes passend dozou oder net (ganz wei Dir wëllt) eng Mutz, mat enger besonnescher Bommel.

enter image description here

Stoffkreatiounen fir Kanner

Denschdeg 27.09.2016 an/oder Denschdeg 11.10.2016 an/oder Denschdeg 15.11.2016 an/oder Denschdeg 13.12.2016

jeweils vun 14.00 bis 16.30

Dozentin : Sonja Lorig

Preis : 30 Eur

D'Sonja wiewt mat Iech Frëndschaftsbännercher a stempelt een Manadaladuch.

Duerno (wann dir nach Zait a Loscht hudd) weist hat Iech wei Dir mat der richteger Technik a Faarw e scheinen Drock op Er Kapkessenhuss, T-Shirt asw. (daat alles musst Dir gewäsch matbrengen) kreieren kënnt.

Mat denen iwwer 500 Stempelen, dei d'Sonja huet, kann jiddereen en Unikat no senger eegener Fantasie entwerfen.

Aschreiwung ob : afrantzen@pt.lu

enter image description here

Rund ums Papier

Mëttwoch 12.10.2016 - 19.10.2016 - 26.10.2016 an 09.11.2016

jeweils vun 19.00 bis 21.00

Dozentin : Ursula Scheuren

Preis : 93 Eur (net Member) / 85 Eur (Member - plus Materialkeschten vun 10 bis 15 Eur

Papier ist ein Material, das uns in unserem Alltag begleitet. Diesem Werkstoff möchten wir ein anderes Gesicht geben, sei es durch Schöpfen, Prägen, Einschliessen, Weben, Binden, Falten, Kaschieren, Stricken, Häkeln, Giessen, Pulpe schleifen oder als Skulptur.

Sind Sie neugierig geworden? .... Dann erfahren Sie mehr dazu im Kurs.

Aschreiwung ob : afrantzen@pt.lu

enter image description here

Glaspärelen

Sonndeg 20.11.2016 vun 10.00 bis 18.00

Dozentin : Suzanne Szabo

Preis : 83 Eur (net Member) / 75 Eur (Member) - plus Keschte fir d'Sëlwer

An desem Cours wärd d'Suzanne mat Iech Glaspärelen fir eng Halsketten kreeieren.

Zum Schluss därft Dir dann e ganz perseinleche Bijou mat heemhuelen.

Aschreiwung ob : afrantzen@pt.lu

enter image description here

Lehm fir jiddereen

Samschdeg 01.10.2016 a Sonndeg 02.10.2016

an/oder

Samschdeg 05.11.2017 a Sonndeg 06.11.2016

jeweils vun 10.00 bis 17.00

Dozentin : Nicole Huberty

Preis : 115 Eur (net Member) / 105 Eur (Member) - plus Materialkeschten - d'Material gëtt op der Plaatz nom Cours bezuelt

De Cours riicht sech u jiddereen de Spass um Material Lehm huet. Mir schaffen am Lehm an aawer maache mir keen typesche Keramikcours.

Et bleiwt vill Raum fir ze experimenteieren.

Aaner Matieren ewei Holz, Glas, Metall asw. ginn gären verschafft.

Matzebrengen sin : Eppes fir ze schneiden (zb. e Kneipp), dënne Plastik.

Aschreiwung ob : afrantzen@pt.lu

enter image description here

Intensiv-Cours a Moolen

Samschdeg 29.10.2016 a Donndeg 30.10.2016 vun 10.00 bis 17.00

Dozentin : Yvette Rischette

Preis : 195 Eur (net Member) / 180 Eur (Member)

D'Yvette weist Iech wei een e Bild a verschiddenen Techniken mat Spachtel a Collagen a Kuel opbauen kann.

Wann dir nach Froen hudd, kënnt dir gären beim Yvette selwer um no. 661 57 160 nofroen.

Aschreiwung ob : afrantzen@pt.lu

enter image description here

Charakterkäpp aus Lehm

Samschdeg 03.12.2016 a Sonndeg 04.12.2016 vun 10.00 bis 17.00

Dozentin : Nicole Huberty

Preis : 115 Eur (net Member) / 105 Eur (Member) - plus Materialkeschten - d'Material gëtt op der Plaatz nom Cours bezuelt

De Cours riicht sech u jiddereen de Spass um Lehm huet. D'Nicole weist Iech wei een e Charakter an d'Gesiicht aus Toun brengt.

Aschreiwung ob : afrantzen@pt.lu

enter image description here

Een individuelle Baam

Denschdeg 08.11.2016 vun 19.00 bis 22.00

Dozentinnen : Edmée Gales a Suzette Schaus

Preis : 38 Eur (net Member ) / 35 Eur (Member) - plus Materialkeschten

Mir weisen Iech wei een e Baam opbaut an uschleissend kann jiddereen sei Baam op eng individuell Maneier dekoreieren.

Aschreiwung ob : afrantzen@pt.lu