Protectioun vun Ären Donnéeën op eisem Site

D’Konschthaus Heischent, 7 um Maart, 9157 Heiderscheid, representéiert vun hirem President Jules Kremer, hellt d’Protectioun vun Ären Donnéeën eescht. Mir géifen Iech gären informéieren, wéi mir Är Informatiounen späicheren, a woufir mer déi benotzen.

Natierlech hale mir eis un déi gesetzlech Reglementatiounen zum Dateschutz, besonnesch un déi vum generellen EU-Reglement iwwert d’Protectioun vun den Donnéeën.

Hei fannt der Informatiounen zum GDPR op Wikipedia

– op däitsch: https://de.wikipedia.org/wiki/Datenschutz-Grundverordnung

– op franséisch : https://fr.wikipedia.org/wiki/R%C3%A8glement_g%C3%A9n%C3%A9ral_sur_la_protection_des_donn%C3%A9es

1. Den Begrëff vun den perséinlechen Donnéën

Perséinlëch Donnéeën sinn all Informatiounen déi eng Ausso treffen iwwert eng indentifizéiert oder indentifizéierbar Persoun, also z.B. den Numm, de Beruff, d’Alter an sou weider. Nët vun dësem Begrëff concernéiert sinn anonymiséiert Donnéeën, déi kenger bestëmmter Persoun méi kënnen zougeuerdent ginn, z.B. Statistiken iwwert d’Notzung op eisem Site.

2. D’Erhiewen an d’Verschaffen vu perséinlechen Donnéeën duerch d’Konschthaus

Fir Iech op eisem Site an e Cours anzeschreiwen, fir Iech als Member anzeschreiwen, oder och bei aneren Geleeënheeten erhiewe mir vun Iech déi duerfir noutwenneg Informatiounen. Iwwert dës noutwenneg Informatiounen kënnt Dir gären weider Donnéeën hannerloossen, déi mir mat Ärer Zoustëmmung fir speziell Informatiouns- a Marketing Aktiounen benotzen.

3. Donéeën déi mir erhiewen, an déi mir ofspäicheren

Beim Aschreiwen fir ee vun den uewen genannten Aktiounen erhiewen a späicheren mir déi folgend onbedéngt noutwenneg Informatiounen vun Iech :

Numm a Virnumm
Strooss an Hausnummer
Code Postal an den Uert
Land
E-Mails Adresse

Sollte mir an Zukunft op eiser neier Homepage en Members-Eck ariichten, fir dien der Iech misst registréieren, erhiewen mir déi folgend Donnéeën :

Numm a Virnumm
E-Mails Adresse
Äert selwer gewieltent Passwuert.

Mir erhiewen dës Informatiounen virun allem dann wa mir e Mëssbrauch mat falschen Donnéeën wëlle verhënneren, a mat Ärer kompletter Adresse esou kënnen iwwerpréiwen op eng Umeldung echt ass.

Wann der Iech fir eng Newsletter aschreift dann erhiewe mir:

Numm a Virnumm
E-Mails Adresse

Fir de Moment hu mir nach keng elektronesch Payementer op eisem Site, duerfir froe mir och keng Donnéeën iwwert Bankkontoen oder aneres.

4. Protectioun vun Ären Donnéeën

Mir hunn souwuel technesch wéi och organisatoresch Moyennen geholl déi sollen sécherstellen dass mir oder extern Déngschtleeschter all Virschrëften vum Dateschutz beuechten. Als extern Déngschtleeschter bezeechne mir z.B. eis Formateuren, déi Coursen halen. Är Donnéeën ginn nëmmen op eng geséchert Aart a Weis gespäichert, den Accès op dës Donnéeën ass nëmmen wéinegen autoriséierten Persounen erlaabt.

5. Zwecker fir d’Verschaffen an d’Benotzen vun Ären Donnéeën

Mir veraarbechten an notzen déi uewen genannten Donnéeën fir folgend Zwecker:

Mir huelen Är Donnéeën op fir Iech an e Cours anzeschreiwen.
Mir huelen Är Donnéeën op fir Iech an eis Memberslëschten anzedroen.
Mir schécken Iech eis Newsletter op déi E-Mails Adress déi Dir eis hannerluecht hutt.

Fir Iech vun eiser Newletter ze desabonnéieren kënnt Dir eis zu all Ament en E-Mail op info@www.konschthaus.lu schécken.

Am Fall vun engem Members-Eck op eisem Site riichten mir Ären Kont op eisem Server an.

6. D’Weiderginn vun Ären Donnéeën un Drëtter

Fir d’Organisatioun vun eisen Coursen kréien eis Formateuren déi néideg perséinlech Informatiounen fir den Cours ofzehalen. Am Prinzip sinn dat awer just den Virnumm an den Numm, mir gi keng Adressen un eis Formateuren weider. Si dierfen Är Donnéeën just fir d’Ausféieren vun den Coursen benotzen.

D’Formateuren, mee och all aner Drëttpersounen sinn verflicht sech un déi jeeweileg Gesetzer a Relatioun mat der Protectioun vun Ären Donnéeën ze halen.

Den Ëmfang vun den iwwermëttelten Donnéeën beschränkt sech ëmmer op dee noutwennegen Minimum.

Ausserdem si mir verflicht Är Donnéeën un ëffentlech Organer oder Drëttpersounen weider ze ginn soubal dëst per Gesetz verlaangt ass.

Ansonsten gi mir Är Donnéeën just mat Ärer ausdrécklecher Erlaabnis weider.

7. Cookies

Mir benotzen Cookies. Cookies si kleng Collectiounen vun Donnéeën, déi beim Opruff vun Websäiten generéiert, an um Computer vum jeeweilegen Internet Benotzer stockéiert ginn. Mat Hëllef vun deenen Cookies kann den Webserver spezifesch Informatiounen opzeruffen déi dozou dingen dass den Site méi einfach a méi bequem ze benotzen ass, respektiv dass bestëmmten Funktiounen vum Site iwwerhaapt funktionéieren.

Die kënnt Ären Browser esou astellen, dass Cookies generell ofgeleent ginn, oder dass Dir Ären Accord fir d’Setzen vun engem Cookie musst ginn. D’Hellefsfunktioun vun Ärem Browser erklärt Iech wéi der den Browser dovunner ofhale kënnt fir nei Cookien ze setzen, wéi den Browser Iech drop hiweise kann wann der en neien Cookie gesat kritt, oder och wéi der all Cookies desaktivéieren kënnt.

8. Webanalyse

Eisen Website benotzt Google Google Analytics, een Analysendëngscht fir Websäiten vun Google Inc. („Google“). Google Analytics benotzt déi uewen beschriwwen Cookies, kleng Textfichieren, déi op Ärem Computer gespäichert ginn, an déi eng Analyse vun Ärer Visite op eisem Site erlaaben. Déi vun dem Cookie erstallten Informatiounen iwwert d’Benotzen vun eisem Site ginn an der Regel un ee Server vu Google an den USA iwwerdroen, an och do gespäichert. An eisem Optrag benotzt Google dës Informatiounen fir Är Notzung vun dësem Website auszewäerten, fir Rapporten iwwert d’Aktivitéiten op eisem Site zesummenzestellen, a fir weider Déngschtleeschtungen ze erméiglechen déi mam Benotzen vun dem Website zesummenhänken. Ären Browser iwwermëttelt duerfir Är IP Adress u Google Analytics, déi awer net am aaneren Donnéeën vun Google ofgeglach gëtt. Dir kënnt, wéi uewen beschriwwen, mat den néidegen Astellungen an Ärem Browser, verhënneren. Ausserdem kënnt dir en Browser-Plugin eroflueden, wat all Iwwermëttlung an dem Veraarbechten vun Ären Donnéeën ënnerdréckt. Den Lien duerfir ass

http://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=de

Op där Säit fannt Dir och weider Informatiounen zu dem Plugin.

Weider Informatiounen zum Dateschutz vun Google Analytics fannt Dir ënnert der Adress

http://google.com/intl/de/analytics/learn/privacy.html

9. Recht op Renseignementer

Dir hutt d’Recht fir vun eis Renseignementer iwwert d’Informatiounen ze kréien déi mir iwwert Är Persoun gesammelt hunn, an och d’Korrektioun, d’Läschen oder och d’Spären vun Ären Donnéeën ze froen. Dëst ass selbstverständlech gratis. Wend Iech duerfir w.e.g. un d’Adress info@www.konschthaus.lu .

10. Ännerung oder Läschen vun Ären Donnéeën

Dir kënnt zu all Ament der Notzung vun Ären perséinlechen Donnéeën widderspriechen, an eng Ännerung oder d’Läschen froën. Wend Iech duerfir w.e.g. un d’Konschthaus ënnert der Adress info@www.konschthaus.lu.

11. Linken op aner Siten

Eisen Site enthält ënner Ëmstänn och Linken op aner Internetsäiten. Mir hu keen Afloss dorop ob den Bedreiwer vun deenen Siten d’Bestëmmungen vun der Dateschutz anhält. Informéiert iech w.e.g. an den Erklärungen zum Dateschutz op deenen respektiven Siten.

12. Uspriechpartner beim Konschthaus fir den Dateschutz

Bei Froën iwwert d’Erhiewen, d’Verarbechten oder d’Benotzen vun Ären perséinlechen Donnéeën, fir Renseignementer iwwert d’Korrektioun, Spären oder Läschen vun Ären Donnéeën, genausou wéi de Widderruff vun Erlaabnessen déi Dir eis ginn hutt, wennt Iech w.e.g. un d’Adress info@www.konschthaus.lu.

Dat neit Gesetz zum Dateschutz gesäit ausserdem vir dass Sociétéiten oder Veräiner ee Responsablen fir den Dateschutz ernennen; vu dass d’Donnéeën vum Konschthaus vu manner wéi 10 Persounen beaarbecht gi kënnen ass dat an dësem Fall awer net noutwenneg.

13. Virbehalt vun Changementer

Dës Deklaratioun iwwert den Dateschutz kann zu all Ament geännert ginn fir den rechtlechen Ufuerderungen gerecht ze ginn.