Fir d’alleréischt wënscht déi ganz Equipe aus dem Konschthaus Iech e flott neit Joer 2019!

Da wëlle mer Iech awer hei och nees eisen fuschneien Programm vun Januar bis Mäerz virstellen, Dir kënnt en Iech ënnert dësem Text och eroflueden.

Mir fänken schonn den 9. Januar mat engem Bitzcours mam Ursula Scheuren un, Dir fannt de genauen Descriptif op der Säit 5 vum Programm.

Weiderhin hu mer och Coursen zesummen mat madart.lu organiséiert, den Tom Poull hellt eis während 3 Deeg mat an d’Fotoswelt, a mam Patty Dupong léiere mer zesummen Englesch.

Kuckt eran, a mellt Iech un! Eis Coursen fannt der an deenen nächsten Deeg och online, wou der Iech dann direkt fir all Cours kënnt aschreiwen.

All Guddes nach eemol!

Är Equipe vum Konschthaus

Hei kënnt Dir den Programm eroflueden!