Loading...

Kommt eis op den Heischtermaart besichen!

Den 29. Juli ass et nees sou wäit; den Heischter Maart steet um Programm!

Wéi all Joer hu mir eis e puer Gedanken gemaach, a bidden Iech vum Konschthaus e puer ganz flott Saachen un.

Eppes selwer Gemaachenes

Ënnert dem Motto “Aus Al maach Nei – Gemoolt a Gebitzt – Manner Plastik, eng besser Ëmwelt” hu mir am Konschthaus flott stoffen Tuten gebitzt, e Läpp fir Geméis a Gefréiss. Kommt laanscht a loosst iech iwwerraschen.

Eng Ausstellung

Den Christophe Poissonier ass, wéi en selwer vun sech seet, en immigréierten Ch’ti. Als passionéierten Ornitholog an Jeeër  ass en faszinéiert wéi Déieren sech an d’Natur an d’Landschaft integréiert.

« Quand on traque un animal avec un fusil ou avec un pinceau, on s’aperçoit très vite que les animaux dans la nature ont un don extraordinaire pour se dissimuler. Que ce soit par les couleurs, par leurs formes ou par leurs attitudes, ils échappent à l’œil le plus perçant. »

Mir weisen e puer vun sengen flottsten Aarbechten am Aquarell, am Pastel oder och am Acryl.

Kannerbastelen a Kränz maachen

D’Equipe vu MadArt vu Bascharage ass um Rendezvous, a bastelt mat de Kanner! Fir déi Grouss gëtt och en Kreativcours ugebueden; mat hirem eenzegaartegen System “KrantSimple” kritt Dir gewisen wéi een op eng einfach Aart a Weis kann Kränz hierstellen, an dat mat allen méiglechen Materialien!

Klickt hei fir Iech am Viraus an eise Cours anzeschreiwen, bei dem d’Material och mat abegraff ass.

Kraider, Biesem a Muséck

Eis Kraiderfra, d’Monique Meyer ass och nees bei eis zu Gaascht, stellt Iech déi verschidden Kraider vir, a presentéiert ënner anerem Téi an Salefen. Den Jos Kerger stellt vrun der Dir Biesemen hier, an d’Museksgrupp „Hors Saisons“ spillt e Concert mat bekannten Lidder vum Francis Cabrel.

Wéi der gesidd hu mer och dëst Joer nees en éischtklasseschen Programm op d’Been gestallt, a mir hoffen Iech um Heischter Maart begréissen ze dierfen!

2018-06-13T06:52:10+00:00