Loading...

Ee Bréif un d’Tatta Mariechen

Léift Tatta Mariechen,

Wei geet et der? Wat mécht deng Psychose Ceramique ? Mer hunn dech all um Heischter Maart vermësst.

Du hues eppes verpasst, well d’Gaass war gutt mat Stänn gefëllt. D’éischt mol huet d‘Kavallerië en etlech PS vir un eiser Dier missen evakuéieren. Dunn konnt sech de Biesemsbënner vun Tarchamps ( du kenns jo dem Rosy säi Mann , de Kerger Jos ) do breet maachen an dem Grand Public mat handwierklechem Geschéck weisen wei aus Birkereiser Kierbiischte gemeet ginn. Dekorativ a praktesch.

Hannert der Entrée war dem Claudia säi Bureau an eng Bijouterië verwandelt ginn. O mei Tatta, dat hätt der gutt gefall. Verschidde Madamen hätte bestëmmt Häerzklappen kritt, wei se dem Odile Bohler seng selwergemeeten Braceleten an Ketten gesinn hunn. Aus mini, mini Pärelen, vill Léift an Phantasie gemeet. Eine Augenweide !

Aus der Kiche niewendrun koum e gudde Geroch. D’Kräiderfra hat et sech bei gemittlech gemeet. D‘Häerzklapp-Problemer vum Stand virdrun konnten vum Monique Meyer sengem Fachwëssen profitéieren an sech aus der grousser Palette vun Téien , Salwen oder Tinkturen dat richtegt eraussichen.

Schonn e puer Joer sinn déi geckeg Meedercher vun MadArt um 1 Stack. D’Christiane an d’Pascale verstinn et ëmmer erëm d’Kanner fir hir aussergewéinlech Basteiliddien ze begeeschteren. Et war eng Freed ze gesinn, wei déi Kleng houfreg a frou Trap erof koumen, hiert Konschtwierk fest am Grapp. O jo, Kannt misst e sinn!

Konscht kruten eis Visiteuren um 2. Stack gebueden. Mat spatzer Fieder an herrlechem Humor huet eis de Christophe Poissonnier gewisen , datt Deieren och nëmme Mënsche sinn. Dem Moler seng besonnesch Vue op Déierewelt huet jiddwerengem e Laachen an d’Gesiicht gezaubert.

Mais mer waren och nik liddereg , Tatta Mariechen. Mer hunn eis Gedanke gemeet vir eis Welt ze verbesseren. Thema: manner Plastik. Fir der Plastiks-Tut de Krich ze erklären hu mer aus alen Läindischer Säck gebitzt an se mat vill Spaass bemoolt. Mer haten eng Wäschléngt virum Konschthaus gespaant an eis Kreatiounen am Wand flattere gelooss. Dat häss te misse gesinn. De Jules huet der e puer Photoen dobäi geluecht, da kanns du der e bessert Bild maachen. Eis „Nuetsläpper fir Geméis a Gefréiss“ kann een ëmmer erëm fir den Transport vun Iesswueren gebrauchen. Kamoud, ne! An esou ëmweltfrëndlech 🙂

Eng lescht Attraktioun waren d’Museker vun „Hors Saison“. Mat flotte , schmassegen an och melankolische Lidder vum Francis Cabrel hunn se d’Leit wibbele gedoen. An, du wäers et nik gleewen Tatta: no enger Stonn sinn d’Mais mat Ouerestëpp an Wallis aus dem Haus getrëppelt ; mer hunn se nik méi rëm gesinn.
Vill Been sinn bei eis d’Trapen erop an erof gesausst. Grousser, Klenger, Decker an Dënner, all hunn se gekuckt a gestöbert an daat Engt oder Anert fir sech fonnt. Soss wosse mer der näischt méi ze zielen , well och dëse Maart huet laanscht der Owend seng Dieren zougemaach.

Fazit: d’Wieder gutt, d’Leit fein, de Béier sëffesch…. alles Paletti.

Mais du wees jo wei de Pol Philip seet: „Nom Match ass vir um Match „, dofir géife mer eis freeën dech dat anert Joer hei um Heischter Maart erëm ze gesinn.

E schéine Bonjour an een decke Kuss fir dech an de Monni.

Deng Équipë vum Konschthaus

PS: Wanns de wëlls, kanns du eis dann deng gutt Quetschentaart matbréngen?

2018-10-23T05:33:51+00:00