Léif Memberen a Frënn vum Heischter Konschthaus,
eisen neien Programm fir den Hierscht / Wanter ass prett, a mir hunn nees vill flott Coursen fir Iech! Fir Kanner ab 12 Joer organiséiert den Jonn Häppi en Zirkusworkshop, mir wärten nees molen a bitzen, d’Edmée Hoffmann bitt Iech en Gedächtnistraining un, a mam Odile Bohler maache mir flott Ketten a Braceleten,
Wéi schonn annoncéiert kënnt Dir ab elo Är Plaz(en) fir den Cours vun Ärem Choix online reservéieren, fir d’Memberen gëtt et natierlech nees reduzéiert Präisser!
Kuckt Iech d’Coursen op eisem Manifestatiounskalenner un, sicht Iech e Cours eraus, a schreift Iech online an.
Soubal mir Är Plaz am Cours confirméieren kënnen kritt Dir vun eis e Bescheed per E-Mail, mat eiser Kontosnummer, an Dir kënnt eis d’Suen op eisen Kont iwwerweisen.
Mat der Iwwerweisung ass Är Inscriptioun dann och fest!
Vill Freed mat eisem neien Programm; dir kënnt en Iech iwweregens hei eroflueden.
Är Equipe vum Konschthaus