Entdeckt déi nei Méiglechkeet fir Coursen ze reservéieren!

Nieft eisem klasseschen Programm dien mir op Pabeier erausbréngen hutt Dir vun elo un och d’Méiglechkeet fir Iech online an e Cours anzeschreiwen. Kuckt duerfir op eis Säit mat dem Manifestatiounskalenner, sicht Iech e Cours eraus, a schreift Iech online an.

Soubal mir Är Plaz am Cours confirméieren kënnen kritt Dir vun eis e Bescheed per E-Mail, mat eiser Kontosnummer, an Dir kënnt eis d’Suen op eisen Kont iwwerweisen.

Mat der Iwwerweisung ass Är Inscriptioun dann och fest!

Kuckt ëmmer mol rëm op eisen Manifestatiounskalenner, oder schreift Iech nach haut fir eis Newsletter an.

2018-06-04T10:39:09+00:00