Datum/Zäit
Datum(en) - 16/05/2018
19:30 - 21:30

Uert vum Evenement
Konschthaus a Frantzen

Kategorien Keng Kategorien


D‘Tania Gibéryen huet an der kanadescher Arktis gelieft an do ugefaangen ouni Offall ze liewen, zeréck zu Lëtzebuerg deelt si hier Passioun vun dësem Ekochicèn Liewensstil a proposéiert am Konschthaus e spannende Workshop:

  • den éischten Deel besteet aus enger interaktiver Presentatioun wei een säin Alldag mat einfache Gesten a Richtung Zero Waste kann ëmstellen an der Kichen, am Buedzëmmer, beim Botzen, beim Akafen, wann Besuch kennt, wann een ënnerwee ass, op der Aarbecht resp. mat Kanner an der Schoul.
  • Am zweeten Deel vum Workshop kennt Der selwer Hand uleeën a léiere wéi der Deo, Zännpasta, Wäsch– a Botzmëttel selwer präiswäert an ekologesch kennt hierstellen an dobäi och nach Offall kennt vermeiden.

Material ass am Präis abegraff, an Dir kennt är selwer gemeete Produiten a Rezepter och duerno mat heem huelen.

Datum(en): 23. Mee
Dauer vum Cours: 2 1/2 Stonnen
Präiss:  fir Net-Memberen 55 €, Memberen bezuelen 50 €

D’Material ass am Präis mat abegraff.

Hei kënnt dir Är Buchung maachen!

Buchungen sinn fir dës Manifestatioun net méi méiglëch.