Léif Memberen an intresséiert Konschtfrënn,

wëllkomm op eiser neier Internet-Säit! Mir hunn an deenen leschten Wochen vill un eisem Web-Optrëtt geschafft, an presentéieren Iech den Site an engem ganz neien Gewand.

Eng vun deenen Neierungen déi am Meeschten an d‘Aen falen wäerten ass de Kalenner vun eisen Coursen, an och d‘Méiglechkeet sech ab elo online aschreiwen ze kënnen. Wou der virdrun Iech hutt missen per Courrier oder per E-Mail aschreiwen mussen kënnt der dat elo fein iwwert den Computer oder och Ären Smartphone maachen.

Mir schaffen och un eiser Offer vu Coursen , an et wäert bestëmmt och nach deen een oder aneren intressanten Cours dobäi kommen. Sidd also gespaant wat nach alles kënnt!

Dir hudd eng Iddi fir eng Manifestatioun am Konschthaus, oder wëllt gären den Sall fir Är Evenementer lounen? Mir hunn en neit Formulaire um Site wou der genau sou Saachen kënnt proposéieren oder ufroen.

Weider Funktionalitéiten erwaarden Iech an deenen nächsten Deeg, sief et dass der Iech online fir eis nei Newsletter kënnt aschreiwen, oder Iech och als neien Member bei eis umellen kënnt.

Dir gesitt dass mir schonn elo vill nei Iddien hunn, a mir freeën eis natierlech ëmmer op Ären Feedback an Är Virschléi.

Mir frëen eis op Iech!

de Comité vum Konschthaus a Frantzen